D'Handbuch fir Sprooche-Ressourcen-Centren: richtlinne fir den Opbau, d'Gestioun an den Ausbau vu Sprooche-Ressourcen-Centren (SRCen) opzebauen, ze géréieren a weiderzëentwéckelen ass d'Haaptdokument, dat aus dem SRC-Projet ervirgeet. Et ass zougänglech an alle 16 Sprooche vum Projet a ka vum dësem Site erofgeluede ginn. Et behandelt déi praktesch Aspekter vum Opbau,der Gestioun an dem Ausbau vun de SRCen. Haaptpunkte sinn: d'Gestionnairen, d'Benotzer, d'Déngschtleeschtungen an d'Méiglechkeeten. Et bezitt sech dobäi op Erfahrunge vum allen Checklëschten, Fallstudien, Hiwäiser a Quellenugaben. Beiträg iwwer aner wichteg Referenzen, Dokumenter a Materialien, déi net an d'Publikatioun selwer ragefügt konnte ginn, sinn on-line zougänglech ënner zousätzlecht Material. Dësen Deel ass selwecht opgebaut wéi d' Handbuch fir Sprooche-Ressourcen-Centren an enthält Material a verschiddene Sproochen a Formaten. D'Navigatiounssprooch ass Englesch - mä, wann et muss sinn, kënnt Dir d'lëtzebuergesch Versioun vum Handbuch fir Sprooche-Ressourcen-Centren benotze fir besser eens ze ginn. Zousätzlecht
Material ass en dynameschen Deel. Mir hoffen dass Dir en
nëtzlech fannt an Dir däerft natierlech Är Beiträg (egal a
wéi enger Sprooch) op folgend Adress schécken: [email protected] |