project description
partners
handbook
forum
registration
about
sitemap
 Deutsch  |  Français  |  English  |  Български  |  Nederlands  |  Malti  |  Catalá  |  Español
 Ελληνικά  |  Lëtzebuergesch  |  Suomi  |  Magyar  |  Íslenska  |  Česky  |  Slovenščina  |  Galego 



Lingua 1: LRC Projet

LRC Projet: Verbesserung vun der Qualitéit vun den Ënnerlagen a Materialien fir Sproocheléieren am Kader vun engem Sprooche-Ressourcen-Center (LRCen)

Dëse Projet huet als Objektiv Materialien fir de Sproochenunterrecht an d'Sproocheléieren ze entwéckelen a qualitativ ze verbesseren duerch den Austausch vun Erfarungen tëschent bestoenden an neie Sprooche-Ressourcen-Centren. 17 Partnerorganisatiounen aus 13 europäesche Länner hu sech an engem Consortium zesummegedoen.

Den LRC Projet soll den Centren hëllefen hir Offer ze vergréisseren duerch nei Sproochen (haaptsächlech manner geschwate Sproochen) an nei Servicer (nei Medien) a méi Benotzer (z.B. den Centrum fir méi e grousse Public opmaachen).

De Projet wëll dat Ziel erreechen duerch:

·       d'Publikatioun vun engem prakteschen a gutt léisbaren Uleedungsheft (dat gebonnen a 4 Sproochen an op Internet a 14 Sproochen zougänglech ass) fir all déi Leit déi mat der Organisatioun an der Leedung vu Sprooche-Ressourcen-Centren (LRCen) chargéiert sinn;

·       d'Opbaue vun engem professionnellen Dialog tëschent Spezialisten op engem ëffentlech zougänglechen elektroneschen Netzwierk;

·       d'Garantie, datt deen ëffentleche Site och nach 2 Joer op mannst nom Ofschloss vum Projet zougänglech bleift, sou datt den internationalen Austausch vun Erfarungen dee während dem Projet gefördert gouf, sech ka virun entwéckelen an och iwwer de Projet eraus Wiirkung weist

Weider Informatioune kritt Dir bei der zoustänneger Persoun (LRC Project information officer) am CILT, the National Centre for Languages.

LRC Project
Imke Djouadj
CILT
20 Bedfordbury
London
WC2N 4LB
United Kingdom

Tel.:    +44 (0)207 379 5110
Fax:    +44 (0)207  379 5082
E-mail:
[email protected]


This project is being carried out with the support of the European Community in the framework of the Socrates programme. back to welcome page